© pexels.com
Wien e Sprengkierper fënnt soll Dësen op kee Fall upaken an direkt d'Arméi oder den 113 kontaktéieren.
Et géif ëmmer nees virkommen, dass Leit Sprengkierper op de Recycling bréngen. Wéi et an engem Communiqué vun der Ëmwelt-Administratioun heescht géifen d’Leit d’Sprengkierper op de Recycling brénge well si net wéissten, wéi si Déi soss solle lass ginn.
Ënner anerem hat eng Persoun e Sprengkierper dee geduecht war fir Zich zum entgleisen ze bréngen an e Recyclingszenter bruecht. Dësen hat misse vum Service de Deminage vun der Arméi kontrolléiert gesprengt ginn
eng aner Kéier hat eng Persoun e Sak, dee voll mat chemesche Substanze war, an e Recyclingszenter bruecht. Hei hat sech erausgestallt, dass eng Fläsch déi mat Nitroglitzerin an dësem Sak war. Och hei haten déi Responsabel vum Zenter de Service de Deminage vun der Arméi geruff.
D’Ëmweltadministratioun weist d’Leit dann och dorops hin, dass si op jiddwerfalls d’Arméi informéiere solle wann si e Sprengkierper fannen. Dësen ass ënnert der Telefonsnummer 26 33 22 27 ze erreechen. Alternativ kéint een och den 113 informéieren. Op kee Fall sollt een de Sprengkierper selwer upaken.
Liest hei de Communiqué vun der Ëmweltadministratioun:
|