Éisträich a Griicheland hunn sech kloer géint eng Opnam vu Flüchtlinge positionéiert. De Jean Asselborn huet béid Länner kritiséiert.

An der EU deit sech e Sträit iwwer den Ëmgang mat afghanesche Flüchtlingen un. Ënner anerem Éisträich a Griicheland hunn sech géint eng Opnam vu Flüchtlingen aus Afghanistan ausgeschwat.

Vun Éisträich heescht et an dësem Zesummenhang, dass ee keng weider Flüchtlingen ophuele wéilt. Ausserdeem géif een sech d'Recht virbehalen och weiderhin Afghanen, deenen hir Demande fir Asyl refuséiert gouf, auszeweisen. Dem éisträicheschen Inneminister Karl Neehammer no géif et kee Grond ginn aus deem en Afghan an Éisträich komme sollt. Hie wéilt sech um Niveau vun der EU dofir asetzen, dass Afghanen déi aus Europa ausgewise ginn a speziellen Zenteren an de Nopeschlänner vum Afghanistan ënnerkomme sollen.

Änlech Téin kommen aus Griicheland. De griichesche Migratiounsminister Notis Mitarachi fuerdert, dass déi afghanesch Flüchtlingen, déi hir Demande op Asyl refuséiert kruten, an der Tierkei ënnerkomme sollen.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet dës Virschléi schaarf kritiséiert. Dës géife keng gemeinsam europäesch Politik duerstelle mee wieren nëmmen innepolitesch motivéiert. Vill méi bräicht een elo op EU-Niveau kloer Quote fir afghanesch Flüchtlingen, déi op legalem Wee an Europa komme kéinten.