En Donneschdeg ass den Optakt vum Prozess géint den Amokfuerer vun Tréier.

De Parquet geheit dem 51-Järege fënneffache Mord, versichte Mord an 18 Fäll a schwéier Kierperverletzung a 14 Fäll vir. Den 1. Dezember 2020 war de Mann mat grousser Vitess duerch d’Foussgängerzon gefuer. Hien soll d’Passante geziilt iwwerrannt hunn. D’Motiv vun der Dot ass onkloer. De Verdächtege soll ënner enger Psychose gelidden hunn. Dofir soll gekläert ginn ob hie nëmmen deelweis schëlleg ass.