An den USA wäert eng drëtt Impfdosis Enn September fir jiddereen disponibel sinn.

Dat hunn d’Gesondheetsautoritéite matgedeelt. Verschidden Etüden hätte bewisen dass de Schutz mat der Zäit ofhëlt. Et wier een da manner virum Virus geschützt. Dowéinst wier et néideg eng 3. Dosis ze kréien, déi vum 20. September un disponibel ass. Wann ee mat BioNTech/Pfizer oder Moderna geimpft gouf soll een 8 Méint op déi nächst "Booster"-Dosis waarden.