Iwwerdeems gouf an en Haus an der Rue Michel Welter an der Stad agebrach.

E Mëttwoch am spéiden Nomëtten hat e jonke Mann eng Ugestallte vun engem Buttek an der Rue d'Oetrange zu Kanech mat engem Messer menacéiert an d'Suen aus der Keess geklaut. Duerno war hier fortgelaf. Am Kader vun der Enquête, déi doropshin an d'Weeër geleet gouf, konnten d'Beamte vun der Police 2 Verdächteger ermëttelen. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert. Well béid presuméiert Täter nach mannerjäreg waren, goufen si op Dräibuer an de "Centre socio-éducatif" vum Staat bruecht.

Schonns an der Nuecht op e Mëttwoch war an der Rue Michel Welter an der Stad an en Haus agebrach ginn. D'Police hat hei d'Enquête opgeholl a konnt ë Mëttwoch am fréie Moien eng Verdächteg Persoun am Garer Quartier an der Stad ermëttelen. Well Dës Géigestänn, déi eendeiteg aus dem Haus an der Rue Michel Welter geklaut goufen, bei sech hat, gouf si op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun en Untersuchungsriichter.