Iwwerdeens kruten am Juli 22 Persounen hei am Land de Statut vum Flüchtling unerkannt.

Am Juli haten 101 Mënschen eng Demande fir zu Lëtzebuerg international Protektioun ze kréien agereecht. Dat geet aus enger Publikatioun vun der Direktioun fir Immigratioun vum Ausseministère ervir. Mat 41 koumen déi meescht Demandeuren aus Syrien. 23 koumen aus Eritrea, jeeweils 5 koumen der aus dem Afghanistan an aus dem Sudan. 27 koumen aus anere Länner.

Iwwerdeens kruten am Juli 22 Persounen hei am Land de Statut vum Flüchtling unerkannt. Am Kader vum Dublin-II-Ofkommes goufe 14 Persounen aus Lëtzebuerg an aner EU-Memberstaaten transferéiert a 5 koumen der aus anere Länner an de Grand Duché.

Schliisslech goufe 27 Persounen an dat Land, aus dem si op Lëtzebuerg komm sinn, zeréckgeschéckt.