De franséischen Inneministère geet dovunner aus, dass d’Dot am Zesummenhang mat engem Krich tëscht verschiddenen Drogebande steet.

Zu Marseille ass e Jugendleche vu 14 Joer erschoss ginn. E weidere Jugendleche vu 14 Joer an e Bouf vun 8 Joer goufen iwwerdeems vun de Kugele blesséiert. De Virfall hat sech e Mëttwoch den Owend an engem Quartier vun der süd-franséischer Stad Marseille ofgespillt. 2 Persoune waren hei mat engem Moto duerch eng Strooss gefuer an hate mat enger Kalaschnikow an d’Leit geschoss. De franséischen Inneministère geet den Ament dovunner aus, dass d’Dot am Zesummenhang mat engem Krich tëscht verschiddenen Drogebande steet.