Aktuellen Erkenntnisser no wier d’Feier e Méindeg op enger Autobunns-Tankstell ausgebrach.

Bei de Bëschbränn am franséischen Departement Var ass d'Zuel vun den Doudesaffer antëscht op 2 geklommen. Dat hunn déi lokal Autoritéiten e Mëttwoch den Owend matgedeelt.

Iwwerdeems sinn op d'mannst 20 Persoune blesséiert ginn. Ronn 7.000 Mënschen hunn déi lescht Nuecht an engem provisoreschen Ënnerdaach verbrénge missen.

Den Ament si ronn 1200 Pompjeeën am Asaz fir géint d’Flamen ze kämpfen. Aktuellen Erkenntnisser no wier d’Feier e Méindeg op enger Autobunns-Tankstell ausgebrach an hätt sech anescht duerch 6000 Hektar Bësch gefriess.