© AFP/SAUL LOEB
Zu Washington beim Kapitol huet e Mann menacéiert eng Bomm explodéieren ze loossen. Hien huet sech méi spéit der Police gestallt.
Déi amerikanesch Police war en Donneschdeg wéinst enger potentieller Bommen-Menace am Asaz. Wéi amerikanesch Medie gemellt hate wier e Mann mat engem Pick-up-Truck virun de Kapitol an der Haaptstad Washington gefuer. Op der Plaz hätt hien uginn, dass hie Sprengstoff am Auto huet. Eng Partie Gebaier hunn hei missen evakuéiert ginn. Dorënner ënner anerem d’Bürosgebai vum amerikanesche Senat.
odeems hie stonnelaang verhandelt huet, huet de Mann sech schlussendlech der Police gestallt. De 49-Järege gouf deemno vun der Police festgeholl. Seng Social Media Posts weisen dass et sech warscheinlech ëm en Donald Trump-Supporter handelt.