© Shakib RAHMANI / AFP
Aktuell sollen och d'Bierger vu westleche Staate Schwieregkeeten hu fir laanscht d'Kontrolle vun den Taliban ze hunn.
An der afghanescher Haaptstad Kabul war d’Situatioun um Flughafen en Donneschdeg nees méi chaotesch. Kämpfer vun den Taliban sollen hei Warnschëss ofginn hunn. Dat fir d’Mass vu Leit, déi op den Terrain vum Flughafe komme wëllen zeréckzedrängen. Zeien no wiere vill Mënschen doropshin a Panik fortgelaf. D’Taliban hate jo Kontroll-Punkte ronderëm de Flughafen opgeriicht. Aktuell sollen och d’Bierger vu westleche Staate Schwieregkeeten hu fir hei laanscht gelooss ze ginn. Den Ament probéieren och amerikanesch Zaldoten ze verhënneren, dass Mënschemassen onkontrolléiert op de Flughafe kommen. E Méindeg war et dowéinst zu enger Panik komm bei där 7 Mënschen ëm d’Liewe komm waren.