© pexels.com
Allerdéngs hu geimpfte Mënschen eng däitlech méi geréng Warscheinlechkeet fir sech mat der Delta-Variant vum Virus ze infizéieren.
Geimpfte Persounen, déi sech mat der Delta-Variant vum Coronavirus infizéiert hunn, verbreeden Dëse genee esou heefeg weider ewéi net geimpfte Persounen.
Zu dëser Konklusioun kënnt eng gemeinsam Etüd vun der Universitéit Oxford an dem brittesche Büro fir Statistik. Deemno hu Mënschen déi vollstänneg géint de Coronavirus geimpft sinn zwar eng däitlech méi geréng Warscheinlechkeet fir sech mat der Delta-Variant vum Covid-19 unzestiechen. Wa si de Virus kréien, verbreeden si Dësen allerdéngs genee esou dacks weider ewéi Leit, déi net geimpft sinn.