Däitschland ass de Moment vum Ufank vun enger 4. Corona-Well betraff.

Dat geet aus engem Rapport vum Robert Koch-Institut ervir. Zënter Juli géifen d’Infektiounszuelen nees eropgoen. Dëst méi fréi a méi séier wéi d’lescht Joer. Den Undeel u positive PCR-Tester wier bannent enger Woch vu 4 op 6 Prozent eropgaangen. Méi jonk Altersgruppe sinn dann och concernéiert.