Virun engem Joer gouf de russesche Kreml-Kritiker Alexej Nawalny vergëft.

Hie gouf an Däitschland behandelt an ass dunn a Russland zeréckgaangen. An engem Communiqué kritiséiert Amnesty International dass nach ëmmer kee schëlleg gesprach gouf. Déi russesch Autoritéite wéilten dësen Attentat net opklären, esou d’Mënscherechtsorganisatioun. Donieft gëtt bedauert dass eng schro Repressiouns-Campagne géint dem Nawalny seng Unhänger ënnerholl gouf. Donieft fuerdert Amnesty d’Fräiloossung vum Alexej Nawalny.