© JUAN MABROMATA / AFP
Kanner sinn enger Unicef-Etüd no d'Haaptaffer vum globale Klimawandel.
Obwuel se am mannsten dofir kënne sinn si am stäerkste vun de Konsequenze betraff. Bal d’Hallschent vun de Kanner weltwäit si Risike wéi Hëtztwellen, Iwwerschwemmungen an Dréchenten ausgesat. Och géifen 920 Millioune Kanner u Waassermangel leiden. Infektiounskrankheete wéi Malaria huelen och mam Klimawandel zou. Et ass déi éischt Kéier dass Unicef d’Auswierkunge vum Klimawandel op d’Kanner analyséiert.