© STEVEN SAPHORE / AFP
Zu Sydney an Australien gëtt de Lockdown ëm ee Mount verlängert.
Virun zwee Méint war de Corona-Lockdown a Kraaft getruede mee dëse soll elo nach ee Mount méi laang gëllen. Et géif mat alle Mëttele probéiert ginn d’Ausbreedung vun der Delta-Variant ze stoppen. Mee d’Premierministesch vun New South Wales huet matgedeelt dass d’Infektiounszuelen ëmmer méi an d’Luucht ginn. D’Arméi gëtt och agesat fir der Police bei de Kontrollen ze hëllefen.