© Eldoradio
Well d'Doten sech op ëffentleche Stroossen ofgespillt hunn kéinten d'Leit, déi op de Stroossen ënnerwee waren, dës beobacht hunn.
Nodeems an der Gemeng Klierf an der Nuecht vum 14. op de 15. August eng Partie Uertsschëlder geklaut goufen, sicht d'Police den Ament no Zeien. Ënner anerem goufen d'Uertsschëlder vu Klierf, Lenzweiler, Meecher an Ënsber geklaut. Well d'Doten sech op ëffentleche Stroossen ofgespillt hunn kéinten d'Leit, déi op de Stroossen ënnerwee waren, dës beobacht hunn. Méiglech Zeie sinn deemno gebieden sech beim Policekommissariat Ourdall ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 24483-1000 oder via d'Mailadress "police.ourdall@police.etat.lu".