© Marijan Murat / dpa / AFP
D'Gamma-Variant ass iwwerdeems nëmmen nach fir 4,4 Prozent vun den Infektioune responsabel.
D'Delta-Variant vum Coronavirus gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi dominant. Dat geet aus dem aktuelle ReViLux-Rapport, deen den nationale Gesondheetslaboratoire e Freideg publizéiert huet, ervir. Wéi et an Dësem heescht goufen d'lescht Woch knapps 55 Prozent vun de positive Coronatester zu Lëtzebuerg sequenzéiert. Aus dëser Analyse geet ervir, dass 94,4 Prozent vun den Infektioune mam Coronavirus zu Lëtzebuerg op d'Delta-Variant vum Virus zeréckzeféiere sinn. D'Gamma-Variant ass iwwerdeems nëmmen nach fir 4,4 Prozent vun den Infektioune responsabel. 1,1 Prozent vun den Infektiounen entfalen op déi aner Variante vum Virus.