Wärend engem Sträit an der Stad krut e Mann seng Kap a säin Handy geklaut.

Tëscht 17h00 a 17h30 en Donneschdeg den Owend hat e Mann sech beim Parke vu sengem Auto an der Deportatiounsstrooss an der Stad mat 2 anere Männer an d'Hoer kritt. Am Laf vun der Ausenanersetzung hat ee vun de béide Männer, deem éischte Mann de Brëll an d'Kap vum Kapp gerappt. Ausserdeem hat hien him den Handy geklaut.

Éier déi 2 Onbekannten an Direktioun Zéisseng fortgefuer sinn, war et dem Mann nach gelonge säi Brëll zeréck ze huelen. Bis ewell konnt den Auto vun deenen 2 Onbekannten nach net ermëttelt ginn.