© Eldoradio
D'ADEM huet déi neisten Zuelen iwwert de Chômage zu Lëtzebuerg kommunizéiert.
Enn Juli ware 16.807 Persounen hei zu Lëtzebuerg op der Sich no enger Aarbecht. Dat sinn der 405 méi ewéi nach Enn Juni. Op e Joer gekuckt ass d’Zuel vun de Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe waren allerdéngs ëm ronn 2.950 gefall. Dat ass eng Baisse vu ronn 15 Prozent. Aktuell läit den Taux vum Chômage hei am Land bei 5,6 Prozent.