Dem Verdeedegungsminister François Bausch no géif den Ament alles gemaach ginn, fir d'Leit aus dem Land erauszekréien.

Et ass de 6 Lëtzebuerger Residenten, déi den Ament am Afghanistan sinn, nach net gelongen, an de Fluchhafe vu Kabul eranzekommen.

Wéi RTL.lu schreift, wier et hinnen nach net gelongen, laanscht d’Kontrolle vum amerikanesche Militär ze kommen.

Am Interview mat RTL sot de Verdeedegungsminister François Bausch, dass den Ament alles gemaach géif ginn, fir d’Leit aus dem Afghanistan erauszekréien. Aktuell probéiert Lëtzebuerg 4 Lëtzebuerger, 2 Afghanen déi zu Lëtzebuerg wunnen a 14 Afghanen, déi fir d’NATO geschafft hunn aus dem Land ze evakuéieren.