© JOSEPH PREZIOSO / AFP
Bannent nëmmen e puer Wochen huet e Brasilianer sech 5 Mol impfe gelooss. Opgeflunn ass hien, wéi hie sech eng 6. Dosis wollt impfe loossen...
Vill hëlleft vill - dat huet sech anscheinend e Brasilianer geduecht, dee sech bannent e puer Wochen am Ganze 5 Mol géint de Coronavirus impfe gelooss huet. Dat Ganzt mat dräi verschidde Vaccinen: Zwou Dosisse Biontech-Pfizer, zwou Dosisse vum chineesesche Coronavac an ee Mol Astrazeneca. Dat huet de brasilianesche Sender TV Globo e Freideg gemellt.
D'Gesondheetsautoritéite vu Rio de Janeiro hu matgedeelt, datt de Mann elo kontaktéiert gouf a sech erkläre soll, firwat hie sech esou dacks impfe gelooss hues a wéi hien trotz de Kontrollen un all déi Dosisse komm ass.
Brasilianesche Medien no soll de Mann a verschidden Impfzentre gaange sinn an ausgenotzt hunn, datt hiren elektronesche System den Ament net funktionéiert. Opgeflunn ass hien, wéi hie sech virun e puer Deeg wollt eng 6. Kéier impfe loossen.
Verschidde brasilianesch Bundesstaaten hu sech iwwer e Manktem u Vaccine beklot. Och Rio de Janeiro huet seng Impf-Campagne e puer Mol missen ënnerbrieche, well keng Dosissen zur Verfügung stoungen.