Bei der Finall vun der Fussball-EM zu London hu sech iwwer 3000 Persounen mam Coronavirus ugestach. Bei der Finall waren eng 60.000 Zuschauer op der Plaz.

E Freideg hunn déi englesch Gesondheetsautoritéiten de Bilan vun der Fussball-EM-Finall an Halleffinall am Wembley Stadion zu London gezunn. Deemno hu sech bei der Halleffinall de 7. Juli a bei der Final den 11. Juli am Ganzen 3404 Persounen infizéiert hunn.

Fir an de Wembley-Stadion ze komme war en negative Corona-Test noutwenneg, allerdéngs missten d'Zuschauer selwer uginn, datt den Test negativ wier.

Virun allem bei der Finall vun England géint Italien goufen et chaotesch Zeenen am Stadion. Dausende Leit waren ouni Ticket an de Stadion agedrongen, iwwerdeems gouf et eng ganz Rei Zesummestéiss.