Am Interview mat RTL huet den Ausseminister betount, datt een den Ament alles géif dofir maachen, fir datt Lëtzebuerger am Afghanistan evakuéiert ginn.

9 Persoune mat direktem Bezuch zu Lëtzebuerg, dorënner och Kanner, sëtzen den Ament am Afghanistan fest a kënnen nëmme schwiereg evakuéiert ginn. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Samschdeg de Moien am Interview bei RTL Radio matgedeelt.

Et géif een alles dofir maachen, fir d'Leit "esou séier wéi méiglech erauszekréien", esou den Asselborn. Am léifsten géing hie selwer op d'Plaz fléien, fir d'Leit an de Fliger ze setzen an aus dem Land ze bréngen.

De Jean Asselborn iwwer d'Situatioun am Afghanistan (1)

D'Situatioun ass fir jidderee komplizéiert

Et hätt een och aner Länner ugeschwat fir Hëllef ze froen, mee dat hätt bis elo net geklappt. Aner Ambassaden hätten nämlech genau déi selwecht Schwieregkeete wéi déi Lëtzebuergesch. Deemno hätte verschidde Länner, dorënner Frankräich, d'Belsch an Däitschland Lëtzebuerg versprach, déi 9 Residenten mat engem vun hire Fliger aus dem Land erauszefléien, mee dat hätt och net funktionéiert.

Den Ausseminister schwätzt vun engem "Gewulls um Fluchhafen". D'Konditiounen an d'Prozeduren, fir zu Kabul ze landen a Leit matzehuelen, wiere immens komplizéiert. Am schwéierste wier et fir d'Leit, iwwerhaapt op de Fluchhafen ze kommen.

De Lëtzebuerger Militärfliger, deen e Freideg fortgeflu war, ass den Ament zu Islamabad.

De Jean Asselborn iwwer d'Situatioun am Afghanistan (2)

Ausseminister bleiwt am enke Kontakt mat anere Länner

Den Ausseminister huet nach e Samschdeg de Moie mat sengem däitschen Homologe Heiko Maas telefonéiert. Hie géif weider am enken Austausch mat de verschiddene Länner stoen. Hie wëllt de Leit net ze vill Hoffnung maachen, well d'Situatioun wierklech immens schwéier wier. Hie géif awer weider, zesumme mat de bedeelegten Autoritéiten - dem Ausseministère, dem Verteidegungsministère an der Regierung -, alles maachen, fir d'Leit ze evakuéieren.