© Pexels
Op dem grönlänneschen "Eisschild" op iwwer 3000 Meter huet et fir d'éischt Kéier gereent zanter de Wiederopzeechnungen.
Dëst ass en traurege Rekord, dee Wëssenschaftler op de Klimawandel zeréckféieren.
Um héchste Punkt vum sougenannte grönlänneschen "Eisschild" op 3216 Meter huet et fir d'éischt Kéier zanter de Wiederopzeechnunge gereent. Normalerweis fält de Nidderschlag hei just a Form vu Schnéi.
Fuerscher ginn dovun aus, dass wéinst de klammenden Temperature weltwäit all Dag a Grönland ëm déi 8 Milliarden Tonnen Äis schmëlzen.