© Eldoradio
Zu Péiteng ass um Freideg Owend kuerz no 8 Auer bei engem Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad, eng Persoun schwéier blesséiert ginn.
Wéi d'Police op der Maartplaz zu Péiteng ukomm ass, waren d'Ambulanz an de Samu schonn op der Plaz an hunn de Motorradschauffer medezinesch versuergt.
Bei der Kontroll ass dunn opgefall, dass géint de Chauffer schonn e Fuerverbuet virlouch. Déi genau Ëmstänn konnten nach net gekläert ginn. De Chauffer vum implizéierten Auto ass net blesséiert ginn.