Vun de Streiken ass fir d'éischt de Gidderverkéier, ma ab ee Méindeg och de Persounentransport betraff.

Vun e Samschdeg Mëtteg 5 Auer un soll dann de ganze Giddertransport un d'Stoe kommen, dat mellt ee Vertrieder vun der Gewerkschaft vun den däitsche Maschinisten.
Um Méindeg Moien 2 Auer wäerten dann och nach Streiker beim Persounentransport dobäikommen. Bis ewell wier geplangt, dass bis e Mëttwoch keng Zich fuere wäerten.

Scho lescht Woch war et zu Streike bei der Däitscher Bunn komm. D'Maschiniste verlaangen allgemeng besser Konditiounen an an éischter Linn eng méi héich Pai.