© US Central Command Public Affairs/AFP/Brandon CRIBELAR
Den Zougang fir op de Flughafen an der afghanescher Haaptstad gëtt ëmmer erëm gespaart. Vill Leit waarden ëmmer nach op eng Evakuéierung.
D'Evakuéierunge vun de Mënsche stellt sech duerch d'Spären als vill méi schwéier duer wei erwaart.
Den däitschen Ausseministère mellt heizou, dass och hier Rettungsaarbechte vun der Bundeswehr an d'Stocke komme géifen, well erëm d'Gates um Flughafen zougemaach géife ginn.
Wéinst dem Chaos an der momentan onstabeler Situatioun, huet den däitschen, wéi och den amerikaneschen Ausseministère, d'Leit dozou opgeruff doheem ze bleiwen an net op dee Flughafen ze kommen. Hei géif een sech just weider a Gefor bréngen.