Ab Oktober gëllt an Éisträich just nach 1G-Reegel fir Diskoen a Caféen. Dat heescht et kennt et do nëmmen eran, wann ee géint de Coronavirus geimpft ass.

Déi 4. Well zesumme mat klammenden Infektiounszuelen ass an Éisträich ukomm, dofir plangt déi éisträichesch Regierung méi streng Mesurë fir den Hierscht. Ab Oktober soll fir d'Nuetsliewen déi staark ëmstridden 1G-Reegel ëmgesat ginn. Wien dann a Caféen, Diskoen oder Clibb wëll feiere goen, muss vollstänneg géint de Coronavirus immuniséiert sinn. An de Restaurant gëllt awer weiderhin d'3G-Reegel, wien geimpft ass, een negativen Test huet oder geheelt ass, muss sech do net aschränken.