© pexels / Ibrahim Asad
Laut der WHO ginn et nëmmen nach 13 coronafräi Länner weltwäit, dat nodeems Palau zwee Fäll gemellt huet.
De klenge Pazifikstaat Palau huet säi Status als ee vun deene leschte Länner vun der Welt ouni Corona-Fall verluer. D'Santé vun der Insel mellt um Samschden déi éischt zwee Corona-Fäll, huet awer gläichzäiteg eng Entwarnung eraus ginn. Déi zwee Touriste vu Guam goufen no hirer Urees positiv op de Virus getest an zesumme mat hire Kontaktpersounen a Quarantän gesat. D'Santé vu Palau huet sech géint ee Lockdown entscheet, dat well schonn 80 Prozent vun de ronn 18.000 Awunner vollstänneg geimpft ass.
Déi meeschte Länner op der Lescht vun der World Health Organization ouni Corona-Fäll si kleng pazifesch Inselstaaten. D'Ausname sinn Nordkorea an Turkmenistan, mee hei gëtt schonn eng Zäitchen un der Richtegkeet vun den offizielle Corona-Zuele gezweiwelt.
Déi 13 coronafräi Länner sinn:
- Tuvalu
- Turkmenistan
- Tonga
- Tokelau
- Sankt Helena
- Pitcairninselen
- Niue
- Nauru
- Staate vu Mikronesien
- Kiribati
- Nordkorea
- Cookinselen
- Amerikanesch-Samoa