Zu New York gouf dee säit laangem geplangte Concert mat enger Rei un Weltstare wéinst engem Stuerm ënnerbrach.

Beim Concertsevent am Central Park zu New York mat ronn 60.000 Visiteure wollt d'Stad de Kampfgeescht vun hire Bierger an der Corona-Pandemie sou wéi d'Enn vu villen Aschränkunge feieren. Kënschtler wéi Carlos Santana, Andrea Bocelli a LL Cool J konnten nach optrieden, anerer wéi Patti Smith oder de Bruce Springsteen net méi.

Wéinst dem Hurrikan "Henri" gëllt a villen Deeler vum US-Bundesstaat New York mëttlerweil den Noutstand. Dozou zielt och d'Stad New York. An der Stad gëtt ënner anerem mat staarkem Reen a Stroumausfäll gerechent. Den Tropestuerm bedréit e puer Bundesstaaten am Nordoste vun Amerika.

An Tennessee koume bei Iwwerschwemmungen duerch heftege Reen op mannst 10 Persounen ëm d'Liewen, weider Persoune ginn nach vermësst.