No engem gréissere Corona-Ausbroch huet Neiséiland agesinn, dass hier Null-Covid-Strategie net gelongen ass.

De neiséilännesche Gesondheetsminister Hipkins huet um Fernsee gesot, dass de jéngste Corona-Ausbroch grouss Froen hisiichtlech der Null-Covid-Strategie géif opdecken. Et wär däitlech, dass déi neiséilännesch Regierung ze wéineg Zäit an d'zukünfteg Impfcampagne gestach hät. Delta-Variant wär net mat den éischte Variante vun der Corona-Pandemie ze vergläichen.

Der neiséilännescher Santé no, goufe mëttlerweil 71 Persoune positiv op de Corona-Virus getest. Fir eng éischte Kéier säit 6 Méint hunn sech déi Persoune bannent dem Land mam Virus infizéiert.