Nëmmen e puer Deeg virum Start vun de Paralympics zu Tokyo goufen déi éischt Corona-Fäll ënnert den Athlete registréiert.
Wien déi 4 Athlete sinn oder aus wéi engem Land déi Persoune kommen ass net bekannt. Insgesamt konnten 138 Infektiounsfäll am Zesummenhang mat de Paralympics festgehale ginn, sou d'Organisateuren um Sonnden. Beim de betraffene Persounen handelt et sech gréisstendeels ëm Mataarbechter vun de Spiller.
Wéinst der schlechter Corona-Situatioun a Japan an Tokyo ass iwwer nach méi streng Mesuren nogeduecht ginn. Eng Mesure wär Testflich auszewäiten, sou den Organisatiounscomité.
Wéi scho bei den Olympesche Spiller sinn och bei de Paralympics keng Fans an de Sportanlagen zougelooss. Eng Ausnam gëtt et fir e puer Schüler, déi Deel vun engem integrativem Erzéiungsprogramm sinn an doduercher bei de Spiller dierfen deelhuelen.