Um Sonndeg Nomëtteg schreift d'Police, datt eng Fra d'Police um Freideg alarméiert hat. Dat well hire fréiere Partner si mat Morddrounge menacéiert huet.

Um Freideg de Mëtteg huet eng Fra gemellt, datt si vun hirem Ex-Partner mat Morddrounge menacéiert gouf an, datt de Mann si zu Beetebuerg an engem Bauhaus géif usiche fir si ze schloen.

Wärend dem Telefonsgespréich tëscht béide Persoune goufen d'Menacë geäussert. De Mann konnt vun enger Patrull ugetraff ginn. De Parquet gouf a Kenntnis gesat an huet d'Festnam vum Mann ordonéiert. Donieft gouf den Handy vum Mann confisquéiert an eng Hausduerchsuchung gouf autoriséiert. E Puer Messer an elektrescht Geschier goufe confisquéiert.

De Mann koum um Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.