© Eldoradio
An der Nuecht op e Sonndeg huet eng Policepatrull zu Zowaasch e Puer 100g Marihuana an e Puer Waffen a Messer confisquéiert.
Eng Policepatrull ass an der Nuecht op e Sonndeg op Zowaasch an d'rue Principale geruff gi well sech Suergen ëm den Zoustand vun engem Awunner gemaach gouf.
Wéi d'Beamte mat de Persounen déi d'Police informéiert haten an d'Wunneng vum concernéierten Awunner gaange sinn, konnt direkt e staarke Marihuanageroch festgestallt ginn.
De Parquet gouf kontaktéiert an eng Hausduerchsuchung gouf autoriséiert. Zu deem Zäitpunkt koum d'Informatioun, datt de Mann den Dag virdrun an d'Spidol bruecht ginn ass.
Wärend der Ënnersichung vum Haus sinn d'Beamten op zwou Zäre mat Planzen a Blummen opmierksam ginn. Donieft konnte verschidden, verbuede Waffen a Messer fonnt ginn.
Am Ganze goufen e Puer 100g Marihuana confisquéiert ginn. Géint de Besëtzer gouf eng Plainte deposéiert.