© www.pixabay.com
Virun der Rentrée wëll d'Regierung vun Israel ronn 1,5 Millioune Kanner op Corona-Antikierper testen. Esou soll de Presenzunterrecht séchergestallt ginn.
Virun der Rentrée huet Israel ronn 1,5 Millioune Kanner am ganze Land zu Corona-Antikierpertester invitéiert. Um Sonndeg hunn d'Tester bei Kanner tëscht 3 an 12 Joer ugefaangen. Eng Altersgrupp fir déi eng Corona-Impfung nach net recommandéiert gëtt. D'Tester sollen ervirbrénge wéi vill Kanner sech duerch net enregistréiert Infektioune schonn e Schutz géint de Virus opgebaut hunn.
Kanner déi genuch Antikierper opweisen, mussen nom Kontakt mat engem Corona-Patient an Zukunft net méi a Quarantän. Den israeleschen Educatiounsministère erhofft sech esou de Presenzunterrecht kënnen ouni Ënnerbriechung ze halen.
Obwuel d'Infektiounszuelen an de leschte Wochen nees klamme wëll d'Regierung eng Verrécklung vun der Rentrée absolut verhënneren.
Israel hat zënter dem Ufank vun der Pandemie knapp 980.000 Infektiounen a méi wéi 6.700 Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus enregistréiert. Méi wéi 5,4 Millioune Mënschen also ronn 58% vun der Bevëlkerung goufe bis ewell zweemol géint de Virus geimpft. Ongeféier 1,2 Millioune Leit krute schonn eng drëtt Impfdosis.