© www.pexels.com
Am däitsche Bad Kreuznach huet en alkoholiséierte Chauffer fir 2 Accidenter bannent 5 Minutte gesuergt. Beim éischten Accident ass keen zu Schued komm.
Am däitsche Bad Kreuznach huet e Chauffer fir 2 Accidenter bannent 5 Minutte gesuergt.
Um fréie Sonndeg tëscht 01:10 an 01:15 Auer hat e 47 Joer ale Mann aus Bad Kreuznach gläich fir 2 Verkéiersaccidenter ënner Alkoholafloss gesuergt. Fir d'éischt ass de Mann an der Wilhelmstraße mat engem Auto aus dem Géigeverkéier kollidéiert.
Doropshin ass de Mann a Richtung Bad Münster gefuer an ass virum Accident geflücht. Den 69 Joer ale Mann aus dem anere Won ass glécklecherweis net blesséiert ginn.
Kuerz méi spéit huet de selwechten alkoholiséierte Chauffer d'Kontroll vu sengem Gefier op der B48 a Richtung Bad Münster verluer an ass vun der Streck ofkomm. Wéi hien iwwert den Trottoir gefuer ass, ass d'Achs vum Auto gebrach an et koum zum Totalschued.
Am Kader vum Accident huet de Mann en Alkoholtest gemaach deen e Wäert vun 1,95 Promill erginn huet. Dem Mann gouf eng Bluttprouf geholl an e Puer Plaintë goufen deposéiert.