Bei der Däitscher Bunn gëtt vun e Méindeg bis e Mëttwoch gestreikt.
De Persounentransport ass dovu betraff. De Streik huet um 2 Auer e Méindeg de Moien ugefaangen, esou e Spriecher vun der Däitscher Bunn. De Streik vun der Gewerkschaft vun de Maschiniste soll bis e Mëttwoch daueren. Nëmme 40% vum normalen Zuchverkéier gëtt assuréiert. Dat wäert awer staark vun de Regiounen ofhänken. Schonn e Samschdeg war de Giddertransport vum Streik betraff. D’Maschiniste verlaangen eng méi héich Pai a besser Konditiounen.