© POOL / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Am US-Bundesstaat Tennessee sinn op d’mannst 21 Mënsche bei Iwwerschwemmungen ëm d’Liewe komm.
Dat ass de Bilan deen e Sonndeg vum Chef vun der Police matgedeelt gouf. E Samschdeg goufen et schlëmm Stierm an huet extrem vill gereent. Et ginn nach vill Mënsche vermësst, ënner anerem Kanner. De Public gouf dozou opgeruff no dëse Persounen ze sichen.