© TeeFarm / Pixabay
Eng 50 Booter hu sech e Sonndeg an der Géigend vu Cannes fir eng grouss Party versammelt.
E Luxusboot hat d’Musek ganz haart ugemaach an tëscht 100 an 150 Persounen hu vun dëser Party profitéiert. D’Party huet op sanitärem Plang kee Problem duergestallt. Trotzdeem sinn d’Gendaarmen op d’Plaz komm well d’Unzuel u Booter an engem klenger Zon geféierlech war. Donieft goufe verschidde Persoune wéinst dem exzessive Kaméidi an dem Alkoholafloss protokolléiert.