De President vun der däitscher Dokter-Associatioun wëll d’Veräiner an d’reliéis Gruppen an d’Impfcampagne abannen.

Dëst fir d’Impfquot an Däitschland z’erhéijen, esou de Klaus Reinhardt géintiwwer der Funke-Mediengruppe. Well elo d’Impfzentre lues a lues zoumaache wäerten, solle méi mobil Impfstatioune geschaf ginn. Zum Beispill viru Kierchen a Moscheeën. Et misst een awer och acceptéiere kënnen dass verschidde Persounen sech géint eng Impfung entscheede wäerten. Déi Persoune missten dann awer och acceptéieren dass hir Fräiheeten ageschränkt ginn, esou de Reinhardt.