E Méindeg de Moien hat sech um Kierchbierg en Auto iwwerschloen. De Chauffer war positiv op Droge getest ginn.

Géint 08h00 e Méindeg de Moie war et an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg an der Stad zu engem spektakuläre Verkéiersaccident komm. E Chauffer, deen an Direktioun Stadzentrum ënnerwee war, hat hei d'Kontroll iwwer säin Auto verluer a war doropshi mat 2 aneren Autoe kollidéiert. Duerno war hien als éischt an den Trottoir an uschléissend an e Bam gerannt. Den Auto hat sech doropshin iwwerschloen a war um Daach gelant.

De Chauffer gouf op der Plaz medezinesch versuergt a koum duerno fir eng Kontroll an d'Spidol. Éischten Informatiounen no gouf hien nëmme liicht blesséiert. Ausserdeem haten d'Polizisten en Drogeschnelltest beim Automobilist gemaach. Well Dëse positiv war, gouf de Chauffer am Spidol zousätzlech op de Konsum vun Drogen ënnersicht.

Wärend dem Asaz vun der Police war d'Strooss fir de Verkéier gespaart. Dat bis 08h40 de Méindeg de Moien. D'Police huet e Rapport iwwert den Accident geschriwwen.