© SIP / LUC DEFLORENNE
Vun e Méindeg u gëllen am Impfzenter an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg nei Ëffnungszäiten.
Den Impfzenter an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg wäert vum 23. August un Méindes Moies a Samschdes Mëttes zou sinn. Dat ass op covid19.lu ze liesen. Deemno wäert den Zenter Méindes vun 13h00 bis 19h00 op sinn. Vun Dënschdes bis Freides wäerten d'Ëffnungszäite vu 07h00 Moies bis 19h00 owes sinn. Samschdes wäert den Zenter da vu 07h00 bis 13h00 op hunn.