E Sonndeg de Moie gouf eng Persoun am Garer Quartier ugeschoss. Si gouf an d'Spidol transportéiert.

Kuerz no 03h00 e Sonndeg de Moie krut d’Police gemellt, dass am Garer Quartier an der Stad e Schoss aus enger Pistoul oder engem Revolver gefall wier. Am Laf vum Sonndeg Moien gouf eng blesséiert Persoun am Garer Quartier ugetraff. Wéi d'Police Eldoradio op Nofro hi confirméiert huet, war dës Persoun effektiv ugeschoss ginn. Si gouf an d’Spidol transportéiert. E puer Patrulle vun der Police haten nom Täter gesicht. De Parquet gouf iwwer den Tëschefall informéiert. Dësen huet doropshin d’Police Judiciaire mat de weideren Ermëttlunge beoptraagt.