Op der Plaz selwer hat d'Police 47 Protokoller geschriwwen. 

Tëscht 05h00 a 07h00 e Méindeg de Moien hat d'Police am Goussler Tunnel an Direktioun Stad op der A7 eng Vitesskontroll duerchgefouert. 15 Poliziste waren hei am Asaz.

Am Ganze waren hei 601 Chaufferen ze séier ënnerwee. Op der Plaz hunn d'Beamten am Ganze 47 Protokoller geschriwwen. Dovunner 16 vun 145 an 31 vun 49 €.  Ausserdeem war hei e mobille Radar opgestallt.. Dësen hat am Ganze 553 Chauffere geblëtzt.

Iwwerdeems haten d'Beamten 18 weider Infraktioune géint de Code de la Route festgestallt. Ënner anerem hate 6 Chauffere kee Führerschäin dobäi.