2 Lëtzebuerger sollen zu Kabul dobäi hëllefen d'Evakuatioun aus dem Afghanistan ze koordinéieren.

Wéi de Verdeedegungsminister François Bausch géigeniwwer RTL sot, sollen en Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi an e Beamte vum Ausseministère an déi afghanesch Haaptstad Kabul geschéckt ginn. Si sollen hëllefen d’Evakuatioun vun deene Persounen, déi gär op Lëtzebuerg komme wëllen ze koordinéieren. Op si et packe wäerten, déi 9 Persoune bei deenen e Lien zu Lëtzebuerg besteet aus dem Land eraus ze kréien, kéint een dem François Bausch no den Ament nach net soen. Et wier enorm schwéier Convoie fir d'Leit sichen ze goen ze organiséieren. Dat well dës Convoien sech engem ganz héije Risiko aussetze géifen.