© PATRICK HERTZOG / AFP
A Frankräich gëtt den Héichpunkt vun der 4. Corona-Well warscheinlech an deenen nächsten Deeg erreecht.
Dat huet de Gesondheetsminister Olivier Véran e Méindeg den Owend erkläert. Donieft kéint vu September un eng 3. Impfdosis fir Leit iwwer 65 Joer disponibel ginn. De Minister sot och dass 80% vun de Fransousen déi geimpft kënne ginn op d’mannst eng Dosis kruten. Et wier deemno éischter onwarscheinlech dass nach eng Kéier e Lockdown ugekënnegt géif ginn, esou de Minister.