De gréisste Mann aus den USA ass mat 38 Joer gestuerwen.

Dat huet seng Mamm op Facebook annoncéiert. De Mann war 2 Meter 35 grouss. Hien huet ënner Häerzproblemer gelidden. Als Kand gouf hie mat enger Tumeur diagnostizéiert déi eng iwwerméisseg Produktioun vu Wuesstemshormone verursaacht hat. Als gréisste Mann vun der Welt gëllt de Moment en Tierk deen 2 Meter 51 grouss ass.