© Joe TOTH / AFP
En Dënschdeg, 24. August ass den Optakt vun de Paralympics zu Tokyo.
Grad esou wéi bei den Olympesche Spiller dierfe keng Supporteren an de Stadion kommen. De Moment ass déi sanitär Situatioun a Japan alarmant. Iwwer 25.000 Corona-Infektioune pro Dag gi registréiert. An deem Kader goufen och eng Partie Athlete mam Coronavirus infizéiert.
Iwwer 4.500 Athlete maachen am Ganze mat. D'Zeremonie fänkt um 20h00 lokaler Zäit un. D'Spiller dauere bis de 5. September.