En Donneschdeg de Mëtten huet den Educatiounsminister Claude Meisch Detailer zu de sanitäre Mesuren, déi no der Rentrée an de Schoule gëlle wäerten, ginn.

Am Kader vun der Rentrée misst een sech op en Neits op déi sanitär Situatioun virbereeden. Et géif dem Claude Meisch no, dorëms goen, d'Schoule sécher ze maachen, d'Schüler an d'Enseignanten esou gutt et geet virum Virus ze protegéieren an ze kucken, dass de Virus net iwwert d'Schoule weiderverbreet gëtt.

D'Rentrée géif an der Kontinuitéit vum leschte Schouljoer stoen. Dem Claude Meisch no, misst een d'Rad net nei erfannen. Et misst een d'Rentrée allerdéngs besonnesch gutt virbereeden.

D'Impfung hëlleft d'Verbreedung vum Virus ofzebremsen

Déi aktuell Situatioun wier vun der Impfung gezeechent. De 15. September wäerten 90 Prozent vun den Enseignantë vollstänneg géint de Coronavirus geimpft sinn. Bei de Lycéesschüler wäerten et 55 Prozent sinn. Dat géif dem Minister no hëllefe fir d'Verbreedung vum Covid-19 an de Schoulen ofzebremsen. Et misst een sech awer och bewosst sinn, dass d'Kanner ënner 12 Joer hei am Land nach net kënne geimpft ginn. An dësem Zesummenhang misst een sech virun Aen halen, dass verschidde Fuerscher soen, dass de Covid zu enger Krankheet vun de Jonke kéint ginn. Déi aktuell Inzidenz-Zuele géifen op jiddwerfalls an dës Richtung deiten.

Et géif awer Grond fir e virsiichtegen Optimismus ginn. Et hätt ee mëttlerweil 2 nei Instrumenter fir de Virus ze bekämpfen. Nieft der Impfung géifen nämlech och d'Schnelltester weiderhin eng wichteg Roll an de Lutte géint de Virus spillen. De Message wier dem Minister no, deemno kloer: D'Impfen an d'Teste géif et erlaben, dass de Schoulbetrib gréisstendeels normal funktionéiere kéint.

3 Haaptziler fir dat nächst Schouljoer

De Minister hätt sech fir d'Rentrée dann 3 Ziler gesat:

Dat éischt war et d'Maskeflicht an de Klassesäll ofzeschafen. En zweet Zil wier et, dass esouvill ewéi méiglech Coursen am Presenzunterrecht stattfannen an, dass esou mann ewéi méiglech Schoulstonnen ausfalen. Schliisslech wier et selbstverständlech d'Zil, de Virus esouwäit ewéi méiglech aus de Schoulen eraus ze halen.

Fir dës Ziler ze erreechen, soll et allerdéngs net zu engem Paradigmewiessel kommen. De Stufeplang gëtt deemno agesat, gouf awer op e puer Plazen adaptéiert. Et wéilt een net an den Distanz- oder an de Wiesselunterrecht goen, ma wann d'Situatioun et erfuerdert, géif een dës Mesure benotzen.

Keng Maskeflicht méi wann d'Schüler op hire Plaze sëtzen

Bei den Adaptatiounen ass et als éischt d'Nouvelle, dass d'Maskeflicht an de Bänken ewechfale wäert. Vun der Rentrée un, wäerten d'Schüler also keng Maske méi undoe mussen, wann si am Klassesall an hirer Bänk sëtzen. Allerdéngs wäert een de Mask weiderhin undoe mussen, wann een sech am Schoulgebai deplacéiert an och am Schoultransport bleift d’Maskeflicht bestoen. An de Maison Relaise gëllt d’Flicht esoubal 10 oder méi Kanner zesummen eng Aktivitéit maachen. Et wier een sech dem Minister no, duerchaus bewosst, dass d'Masken déi pedagogesch Aarbecht erschwéiere géifen. Dowéinst wier ee frou doriwwer, dass déi generell Maskeflicht an de Klassesäll ewechfale wäert. No enger Infektioun an enger Klass allerdéngs nees Maskeflicht an der Klass. An deem Fall, wäerten d'Schüler also hir Masken och nees undoe mussen, wann si an hirer Bänk sëtzen.

Méi Schnelltester ewéi wärend dem leschte Schouljoer

D'Ofschafe vun der Maskeflicht wier awer nëmme méiglech, wa méi getest gëtt. Deemno wäerte vun der Rentrée un an de Grondschoulen 2 systematesch Schnelltester pro Klass pro Woch gemaach ginn. An de Lycéeë wäert iwwerdeems 1 Schnelltest pro Woch an der Klass an 1 doheem gemaach ginn.

Bei enger Infektioun gëllt de System vum 3G

Soubal sech eng Persoun an enger Klass mam Covid infizéiert, wäert den Unterrecht an der Klass iwwerdeems ënnert den 3G-Reegele stattfannen. Am Fall vun engem Zenario 1 oder 2 wäerten deemno nëmmen nach Schüler un de Coursen deelhuelen, déi vollstänneg geimpft sinn. Alternativ, kënnen d'Schüler aus de betraffene Klassen sech och all 2 Deeg teste loossen. Eleng am Cycle 1 wäert et am Fall vun enger Infektioun bei deem ale System bleiwen. Deemno wäerten dës Klassen am Fall vun enger Infektioun ënnerhalb vun der Schoul vun deenen anere Klassen distanzéiert ginn. Vun 2 Fäll un wäert eng Klass vum Cycle 1 iwwerdeems a Quarantän gesat ginn.

D'Prinzippie vum Covid-Check wäerten an de Schoulen deemno bei engem Kontakt mam Virus gëllen. Zu der Fro, firwat een de Covid-Check net generell an de Schoulen agesat gëtt, huet et vum Claude Meisch geheescht, dass d'Schüler engersäits d'Flicht an d'Schoul ze goen an anerersäits e Recht op Bildung hätten. Dowéinst kéint een d'Schüler net generell vun der Schoul ausschléissen, wann si d'Konditioune vum Covid-Check net erfëlle géifen.

Ausserschoulesch Aktivitéite ginn nees méiglech

Iwwerdeems wäert et och bei enger Partie ausserschouleschen Aktivitéiten nees méiglech ginn. Esou wäerten d'Schoulkolonien nees stattfanne kënnen. Dat allerdéngs mam Covid-Check. Ausserdeem wäert et nees méiglech ginn, dass d'Schüler aus enger Schoul, respektiv engem Lycée nees alleguer zesummen an hir Pause goe kënnen. Weiderhi wäerten dann och d'Jugendhaiser an d'Museksschoulen hir Diere weider ophale kënnen.

Et misst een awer drop oppassen, dass d'Schüler net zu enger verstäerkter Verbreedung vum Virus bäidroe géifen. Et géif dorëms goen, dass de Virus sech esou mann ewéi méiglech iwwer de Wee vun der Schoul weiderverbreede kéint. Hei géif et virun allem dorëms goen déi ganz Gesellschaft virum Virus ze schützen.

Hei kënnt dir d'Pressekonferenz nach eng Kéier ganz kucken: