Um hallwer 8 ass et tëscht Keespelt an dem Rond-Point Katrewang zu enger Frontalkollisioun vun zwee Autoe komm. Fir eng Persoun koum all Hëllef ze spéit

D'Police mellt en déidlecht Accident um Donneschden Owend. Duerch nach ongekläerte Grënn sinn hei zwee Autoe frontal anenee gerannt. Fir eng 28 Järeg Fra, déi eleng am Auto war, koum all Hëllef ze spéit, si ass nach op der Plaz un hire schroe Blessuren gestuerwen. De Chauffer vun deem aneren Auto ass schwéier blesséiert an d'Spidol komm.

Fir d'Ëmstänn vum Accident ze kläre war d'Police Judiciaire fir de Parquet op der Plaz. Iwwerdeems waren och de Samu a verschidde Rettungsdéngschter hei am Asaz. D'Streck war bis 2 Auer de Moie komplett gespaart.